Lëscht vun den zoustänneg Autoritéiten

Commission de surveillance du secteur financier - CSSF

Zoustännegkeetsberäich

D’CSSF ass eng ëffentlech-rechtlecht Anstalt, déi d’Fachleit an d’Produkter aus dem lëtzebuergesche Finanzsecteur iwwerwaacht. Hir Missiounen an Zoustännegkeetsberäicher si festgeluecht am Gesetz vum 23. Dezember 1998 zur Schafung vun enger Iwwerwaachungskommissioun fir de Finanzsecteur an an de verschiddene „sektorielle“ Gesetzer, déi fir de Finanzsecteur gëllen.

D’CSSF ass also zoustänneg fir Verstéiss am Finanzsecteur, dorënner:

  • Bekämpfung vu Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung
  • Iwwerwaachung vun der Konformitéit mat de relevante Gesetzer iwwer:
    • Zentralverwahrer
    • Organisme fir gemeinsam Anlagen
    • De Beruff vum Auditeur
    • Muechtmëssbrauch
    • Mäert fir Finanzinstrumenter
    • Prospekter fir Wäertpabeieren

D’CSSF ass nëmme fir d’Beaarbechtung vu Meldungen zoustänneg, déi Verstéiss géint d’Reglementatioun vum Finanzsecteur betreffen, am Aklang mat de Kompetenzen, déi hir duerch d‘Gesetz vum 23. Dezember 1998 an déi verschidde secteurspezifesch Gesetzer zougewise goufen.

Weider Informatiounen fannt dir ob der Websäit vun der CSSF.

Commissariat aux assurances - CAA

Zoustännegkeetsberäich

D‘CAA ass déi zoustänneg Iwwerwaachungsautoritéit fir de Versécherungssecteur zu Lëtzebuerg. Zu dësem Secteur gehéieren d’Versécherungsentreprisen, d’Réckversécherungsentreprisen, bestëmmte Pensiounsfongen, d’Beschäftegter aus dem Versécherungsberäich, d’Versécherungs‑ a Réckversécherungsvermëttler (Agenten a Makleren) souwéi d’Versécherungsvermëttler an Niewentätigkeit.

All Persoun kann der CAA op vertraulecher a séchere Manéier méiglech Verstéiss géint dat nationaalt oder europäescht Recht mellen, déi vun oder am Zesummenhang mat Persoune begaange goufen, déi der Iwwerwaachung vun der CAA ënnerleien.

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vun der CAA.

Autorité de la concurrence

Zoustännegkeetsberäich

D‘Autorité de la concurrence ass zoustänneg fir d’Beaarbechtung vun Alerte iwwer Verstéiss an de follgende Beräicher:

  • Am Beräich vum Konkurrenzrecht, besonnesch bei:
    • konkurrenzschiedleche Praktiken, wéi Kollusioun tëscht Entreprisen oder Mëssbrauch vun enger marktbeherrschender Stellung
    • Subventiounen aus Drëttstaaten, déi de Bannemaart verfälschen
  • Am Beräich vun den digitale Mäert, besonnesch bei:
    • Verstéiss géint d’Reegele fir Online Plattformen (Digital Services Act – DSA)
    • Net Konformitéit mat de Reegele fir digital „Gatekeeper“ (Digital Markets Act – DMA)
    • Beanträchtegung vun de kollektiven Interesse vun Entreprisen, déi Online Plattformen notzen (P2B Reglement)
  • Am Agrar- a Liewensmëttelsecteur, besonnesch bei:
    • onlauter Handelspraktiken (UTPs) vu Keefer géintiwwer méi schwaache Liwweranten
  • Am Beräich vun de kollektiven Interesse vun Entreprisen am Bannemaart.

 

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vun der Autorité de la concurrence.

Enregistrement – AED

Zoustännegkeetsberäich

Den Enregistrement ass zoustänneg fir Meldungen, déi d'Emsetzung vun der Gesetzgebung betreffen, déi opgrund vum geännerte Gesetz vun 10. August 2018 iwwer d'Organisation vum Enregistrement zougewise Matéien regelt.

Dës Verwaltung ass zoustänneg fir all d'Steiere betreffend virun allem de juristesche Wuereverkéier, souwéi fir d'TVA. 

E wichtegen Deel vun de Kompetenze vum Enregistrement ass d'Verwaltung vum Staatseegentum an d'Anzéie vun all Zort vu Steieren an Akommes vun Domänen. Dës Lëscht geréiert en och den Hypothéikssystem vum Land a gehéiert zu den Opsiichtsautoritéite betreffend de Kampf géint d'Geldwäscherei.

Weider Informatioune fannt dir ob der Websäit vun dem Enregistrement.

Aarbechtsinspektioun - ITM

Zoustännegkeetsberäich

D’ITM ënnersteet dem Aarbechtsminister a huet verschidde Missiounen an Zoustännegkeeten, déi virun allem am Code du travail verankert sinn. D’ITM ass domat zoustänneg fir d’Aarbechtsbedingungen, dorënner och d’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbecht.

D’ITM behandelt Meldungen iwwer Mëssstänn an de follgende Beräicher:

  • Aarbechtsrecht
  • Gesondheet a Sécherheet um Aarbechtsplaz
  • klassifizéiert Betriber
  • am Aklang mam Gesetz vum 21. November 2007 iwwer d’Mindestufuerderunge fir d'Sécherheet an e puer Stroossentunnellen
  • am Aklang mam Gesetz vum 28. Abrëll 2017 iwwer d’Beherrschung vun de Gefore vu schwéieren Accidenter mat geféierleche Substanzen

D’ITM handelt domat an Ausübung vu senge Missiounen, notamment:

  • Berodung an Ënnerstëtzung vu Salariéen an Employeuren
  • Bereetstelle vu prakteschen, juristeschen an techneschen Informatiounen iwwer d’Ëmsetzung vun de gesetzlechen, regulatoreschen, administrativen a vertragleche Bestëmmungen am Aarbechtsrecht an am Beräich vun der Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht
  • Duerchféierung vun allen Enquêten, Inspektiounen oder Iwwerpréiwungen, déi als néideg ugesi ginn, fir sécherzestellen, datt déi gesetzlech, administrativ a vertraglech Bestëmmungen effektiv agehale ginn

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vun der ITM.

National Dateschutzkommissioun – CNPD

Zoustännegkeetsberäich

D’CNPD huet d’Missioun, d’Veraarbechtung vu persounebezunnen Donnéeën ze kontrolléieren an d’Anhale vun deem Gesetz ze iwwerpréiwen. D’CNPD soll och d’Grondfräiheeten an d’Rechter vu Persounen am Zesummenhang mat der Veraarbechtung vu persounebezunnen Donnéeë schützen.

D’CNPD huet besonnesch d’Aufgab ze kontrolléieren, ob d’Donnéeën, déi enger Veraarbechtung ënnerleien, am Aklang mat de follgende Bestëmmunge veraarbecht ginn:

  • der Dateschutz‑Grondveruerdnung (RGPD)
  • dem Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d’Organisatioun vun der nationaler Dateschutzkommissioun an d’allgemeng Dateschutzreegelung
  • dem Gesetz vum 1. August 2018 iwwer de Schutz vu persounebezunnen Donnéeë bei der Donnéeëveraarbechtung a Strofsachen an am Beräich vun der nationaler Sécherheet
  • dem geännerte Gesetz vum 30. Mee 2005 iwwer de Schutz vun der Privatsphär am Beräich vun der elektronescher Kommunikatioun
  • de gesetzleche Bestëmmungen, an deene speziell Reegelen zum Schutz vu persounebezunnen Donnéeë virgesi sinn

D’CNPD ass fir d’Beaarbechtung vu Meldungen zoustänneg, déi an de Beräich vun hire Missiounen a Befugnisser am Sënn vun RGPD falen, also besonnesch am Beräich vum Dateschutz.

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vun der CNPD.

Centre pour l’égalité de traitement – CET

Zoustännegkeetsberäich

De Centre pour l’égalité de traitement (CET) gouf duerch d’Gesetz vum 28. November 2006 geschaf. De CET übt seng Aufgabe ganz onofhängeg aus a säin Ziel ass d’Promotioun, d’Analys an d’Iwwerwaachung vun der Gläichbehandlung tëschent Persounen, ouni Diskriminatioun op Grond vun der Rass oder der ethnescher Hierkonft, vum Geschlecht, vun der sexueller Orientéierung, vun der Relioun oder den Iwwerzeegungen, vun engem Handicap a vum Alter.

Den CET veraarbecht Meldunge vu Verstéiss am Zesummenhang mat Diskriminatioun a Verstéiss géint d’Bestëmmungen zur Gläichbehandlung vun all Persounen.

Weider Informatiounen fannt Dir op der websäit vum  CET.

Ombudsmann am Kader vu senger externer Kontrollmissioun an Ariichtunge fir de Fräiheetsentzuch

Zoustännegkeetsberäich

D’Groussherzogtum Lëtzebuerg huet de fakultative Protokoll am Kader vun der Konventioun géint Folter an aner grausam, onmënschlech oder erniddregend Behandlungen oder Strofen, dee vun der Generalversammlung vun de Vereenegten Natiounen den 18. Dezember 2002 zu New York adoptéiert gouf, duerch d’Gesetz vum 11. Abrëll 2010 ugeholl, déi den Ombudsmann als nationale Präventiounsmechanismus bestëmmt.

Am Kader vun dëser Funktioun besicht den Ombudsmann reegelméisseg déi verschiddene Plazen, wou Mënschen hirer Fräiheet entzu goufen.

Den Ombudsmann mécht de Suivi vun Alerte iwwer méiglech Verstéiss déi an oder am Zesummenhang mat Plazen, wou Mënschen hirer Fräiheet entzu goufen.

Weider Informatioune fannt Dir ob der Websäit vum CELPL.

Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher – OKAJU

Zoustännegkeetsberäich

D‘OKAJU ass eng onofhängeg Institutioun, déi duerch d’Gesetz vum 1. Abrëll 2020 geschaf gouf. Si huet d’Missioun, d’Rechter vum Kand, sou wéi se an der Internationaler Konventioun iwwer d’Rechter vum Kand (KRK) definéiert sinn, ze fërderen, ze schützen an ze garantéieren. D’KRK gëllt fir all Kanner a Jugendlecher bis zum Alter vun 18 Joer. D’OKAJU suergt dofir, datt d’UN‑Kannerrechtskonventioun zu Lëtzebuerg agehale gëtt.

Als zoustänneg Autoritéit ass d’OKAJU berechtegt, Meldungen iwwer Verstéiss géint d’Internationaalt Ofkommes iwwer d’Rechter vum Kand (KRK) entgéintzehuelen, dat 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl an 1993 vu Lëtzebuerg ratifizéiert gouf.

Weider Informatioune fannt dir ob der Websäit vum OKAJU.

Institut luxembourgeois de régulation – ILR

Zoustännegkeetsberäich

Als Reguléierungsautoritéit handelt den ILR am Interessi vun de Konsumentinnen a Konsumenten a garantéiert d’korrekt Fonctionéiere vun de Mäert op Basis vun engem effizienten an nohaltege Konkurrenzëmfeld, wärend gläichzäiteg de fundamentalen Universaldéngscht assuréiert gëtt.

Den ILR iwwerwaacht a garantéiert d’Reegelen an de follgende wirtschaftleche Beräicher a kritt dofir och extern Meldungen zu dëse Beräicher:

  • elektronesch Kommunikatioun
  • Elektrizitéit
  • Äerdgas
  • Postdéngschter
  • Transportwiesen
  • Funkfrequenzen
  • NIS (Cybersécherheet)

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vum ILR.

Autorité luxembourgeoise indépendante de l‘audiovisuel – ALIA

Zoustännegkeetsberäich

 

D’ALIA ass déi onofhängeg lëtzebuergesch Autoritéit, déi fir d’Reguléierung vun den audiovisuellen a vun den Online Medien zoustänneg ass. Si iwwerwaacht d’Konformitéit mat de Reegele betreffend Inhaltsstandarden, Reklammen, de Schutz vu Mannerjäregen an d’Uechtung vun der mënschlecher Dignitéit bei audiovisuellen an auditive Servicer. Si iwwerwaacht och Videoplattformen, setzt d’Reegelen zur Altersklassifikatioun fir ëffentlech Filmvirféierungen duerch a kontrolléiert d’Rechtméissegkeet vun der Publikatioun an der Notzung vu politeschen Ëmfroen.

 

D’ALIA behandelt extern Meldungen iwwer Mëssstänn am Zesummenhang mat:

 

  • Verstéiss géint déi wichtegst Reegele fir audiovisuell Mediendéngschter, dorënner:
    • Opruff zu Gewalt oder Haass
    • Respekt vun der mënschlecher Dignitéit
    • Schutz vu Mannerjäregen
    • Reegele fir kommerziell Kommunikatioun
  • Verstéiss vu Video Sharing Plattformen, déi déi néideg Sécherheets- a Konformitéitsmoossnamen net uwenden
  • Net Konformitéit mat den Altersklassifikatiouns- a Klassifikatiounsreegele laut Gesetz vum 20. Abrëll 2009 bei ëffentleche Filmvirféierungen
  • Verstéiss géint d’Reegele fir politesch Ëmfroen, inklusiv hir Publikatioun, Verbreedung oder Kommentéieren am Kontext vu Referenden oder Walen.

 

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vun der ALIA.

 

 

Barreau vu Lëtzebuerg

Zoustännegkeetsberäich

 

Den Ordre des avocats du Barreau de Luxembourg assuréiert:

 

  • datt d’Beruffsreegele vu senge Memberen agehale ginn,
  • datt d’Suergen an d’Schwieregkeete vun de Bierger am Kontakt mat Affekote Gehéier fannen,
  • datt deontologesch Sträitfäll tëscht engem Affekot an engem Mandant geschlicht ginn,
  • datt seng Memberen ënnerstëtzt ginn an d’Affekotsprofessioun gefërdert gëtt,
  • an datt d’Ausübung vum Affekotsberuff an de Monopol vun der juristescher Representatioun viru Geriicht allgemeng iwwerwaacht gëtt.

De Barreau behandelt Meldungen iwwer méiglech Handlungen, déi an enger Affekotekanzlei verübt goufen.

 

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vum Barreau Luxembourg.

 

 

Barreau vun Dikrech

Zoustännegkeetsberäich

Den Ordre des avocats du Barreau de Diekirch assuréiert:

  • datt d’Beruffsreegele vu senge Memberen agehale ginn,
  • datt d’Suergen an d’Schwieregkeete vun de Bierger am Kontakt mat Affekote Gehéier fannen,
  • datt deontologesch Sträitfäll tëscht engem Affekot an engem Mandant geschlicht ginn,
  • datt seng Memberen ënnerstëtzt ginn an d’Affekotsprofessioun gefërdert gëtt,
  • an datt d’Ausübung vum Affekotsberuff an de Monopol vun der juristescher Representatioun viru Geriicht allgemeng iwwerwaacht gëtt.

De Barreau behandelt Meldungen iwwer méiglech Handlungen, déi an enger Affekotekanzlei verübt goufen.

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vum Barreau Diekirch.

Chambre des notaires

Zoustännegkeetsberäich

D’Chambre des notaires ass zoustänneg fir d’Iwwerwaachung vum Notairesberuff zu Lëtzebuerg. Hir Aufgaben ëmfaassen d’Erhale vun der berufflecher Disziplin, d’Duerchféierung vun disziplinäre Prozeduren an d’Sécherstellung, datt d’Notairen hir Verpflichtungen an der Bekämpfung vu Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung erfëllen.

Si hëlleft dobäi, Sträitfäll tëscht Notairen oder tëscht Notairen an Drëtten ze vermeiden oder ze léisen, a gëtt Stellungnamen zu Meenungsverschiddenheeten iwwer Taxen a Comptabilitéitsfroen of. D’Kammer iwwerwaacht och d’korrekt Féierung vun de Protokoller, kontrolléiert d’Rechnungsleeung vun de Notairen, vertrëtt d’Interesse vum Beruff a suergt fir dat reiwungslos Fonctionéiere vun der elektronescher Austauschplattform vun den Notairen.

Zousätzlech üübt si spezifesch Iwwerwaachungs- a Sanktionsbefugnisser aus, wéi se am lëtzebuergesche Recht zur Bekämpfung vu Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung virgesi sinn, dorënner och Inspektiounen op der Plaz an d’Sécherstellung, datt d’Notairen hir gesetzlech berufflech Verpflichtungen erfëllen.

D'Chambre des notaires traitéiert Meldungen vu Verstéiss wat d'Aktivitéiten vun Notären ubelaangt.

Weider Informatioune fannt Dir ob der Websäit vun der Chambre des notaires.

Collège médical

Zoustännegkeetsberäich

De Collège médical ass zoustänneg fir d’Integritéit an d’Professionalitéit vun den Dokteren, Zänndokteren, Apdikteren a Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg ze garantéieren. E suergt fir d’Anhale vun den ethesch‑beruffleche Reegelen, iwwerwaacht d’Éierbarkeet, d’Kompetenz an d’gutt Féierung vun dëse Beruffer a gräift, wann néideg, an disziplinäre Fäll an.

De Collège médical këmmert sech och ëm extern Meldungen, wann et zu schwéiere Verstéiss géint e Gesetz oder e Reglement kënnt oder wann d’ëffentlecht Interessi duerch d’Aktivitéite vun engem Dokter, Zänndokter, Apdikter oder Psychotherapeut menacéiert ass.

Am Aklang mat senge Missioune kënnen d’Meldungen ënnerschiddlech Aspekter betreffen, zum Beispill:

  • Verstéiss géint gesetzlech, reglementaresch oder ethesch Ufuerderungen an der Ausübung vun de genannte Beruffer
  • berufflech Inkompetenz
  • schwéiert berufflecht Feelverhalen oder Faarlässegkeet
  • Handlungen, déi géint d’berufflech Integritéit oder d’Würd verstoussen

Weider Informatioune fannt Dir ob der Websäit vum Collège médical.

Naturverwaltung – ANF

Zoustännegkeetsberäich

D'Naturverwaltung steet ënnert der Autoritéit vum Ëmweltminister.

Hir Haaptmissioune sinn:

  • de Schutz vun der Natur, vun den Naturressourcen, vun der biologescher Diversitéit a vun de Landschaften;
  • de Schutz an d'nohalteg Bëschbewirtschaftung vun de Bëscher, déi ënnert dem Bëschgesetz stinn;
  • de Schutz an d'nohalteg Bewirtschaftung vun de Wëldressourcen;
  • d'Iwwerwaachung an d'Police betreffend de Schutz vun der Natur, de Bëscher, der Juegd an der Fëscherei.

D’Naturverwaltung beaarbecht Alerten am Zesummenhang mat senge Missioune, déi hei uewendriwwer opgelëscht goufen.

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vun der ANF.

Waasserverwaltung- AGE

Zoustännegkeetsberäich

D’Waaserverwaltung huet d’Aufgab, eng nohalteg an integréiert Bewirtschaftung vun de Waasserressourcen zu Lëtzebuerg ze garantéieren. D’AGE schafft mat enger grousser Villfalt u Partneren zesummen an ëmfaasst d’Iwwerwaachung vun der Drénkwaasserversuergung, d’Iwwerwaachung an de Schutz vu Surface‑ a Grondwaasser souwéi e koordinéiert Gestioun vum Héichwaasserrisiko. D’AGE koordinéiert och d’Planung vun der Ofwaasserbehandlung, këmmert sech ëm accidentbedéngt Waasserverschmotzungen, Héichwaasserprognosen an ëm Waasser-bezunnen Autorisatiounen.

D’Waaserverwaltung hëlt Meldungen iwwer Verstéiss géint d’Ëmweltgesetzgebung entgéint, besonnesch wann dës Verstéiss a säi Kompetenzberäich am Zesummenhang mam Waasser falen.

Weider Informatioune fannt Dir ob der Websäit vun der AGE.

Flugsécherungsverwaltung – ANA

Zoustännegkeetsberäich

D’Missioun vun der ANA ass et, e sécheren, effizienten, kontinuéierlechen an ëmweltfrëndleche Flux vu Loft- a Buedem Verkéier ze garantéieren, ënnerstëtzt vu moderner Technologie, effizienten Loftfaart Informatiounen a kompetentem Personal.

Déi Haaptmissioun vun der ANA ass am Lëtzebuerger Gesetz vum 1. August 2018 definéiert a stellt d ‘Ufuerderunge fir d'ANA als Prestataire vu Servicer fir d ‘Gestioun vum Loftverkéier a senger Ganzheet, als Prestataire vu Servicer fir d'Loftverkéier, d'Gestioun vun de Flux a vun der Kapazitéit vum Loftverkéier, d'Gestioun vum Loftraum an d'Kontroll vum Loftverkéier am Terminalloftraum, um Flughafen an an e puer Deeler vum regionale Loftraum fest. D'Missioun vun der ANA ëmfaasst technesch an aeronautesch Servicer, Aerodromeservicer an elektrotechnesch Servicer um Manövergebitt an doriwwer eraus. 

Des Weideren stipuléiert dat geännert Lëtzebuerger Gesetz vum 21. Dezember 2007 eng zousätzlech Missioun fir d'ANA als Fournisseur vun nationale meteorologesche Servicer, inklusiv Wiederalarmer fir de Public a de Klimadatenmanagement.

D'ANA behandelt Meldungen am Zesummenhang mat senge Missiounen, déi virdrun opgelëscht goufen.

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vun der ANA.

Service du médiateur de la consommation - SNMC

Zoustännegkeetsberäich

Den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun ass e Service vum Wirtschaftsministère, deem seng Missioun et ass, den Dialog tëschent de Professionellen an hire Clienten ze erliichteren.

Hien handelt onparteiesch, fir d’Bezéiunge tëschent de Professionellen an de Konsumenten ze ënnerstëtzen an ze vereinfachen.

Wieder Informatioune fannt Dir op der Websäit vum SNMC.

Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils – OAI

Zoustännegkeetsberäich

Den Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils huet d’gesetzlech Aufgab, d’Uwendung vun de Rechter an de Flichte vun de 5 OAI‑Beruffsgruppen ze garantéieren: Architekten, Banneraumgestalter, Berodend Ingenieuren, Urbanisten a Landschaftsarchitekten.

Den OAI behandelt extern Meldungen iwwer potenziell oder nogewise Verstéiss géint berufflech Verpflichtungen, déi vun de Beruffer ausgeüübt ginn, déi zu Lëtzebuerg dem OAI ënnerleien (Architekten, berodend Ingenieuren, Urbanisten, Banneraumgestalter, Landschaftsarchitekten, Expertisen).

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vum OAI.

Ordre des experts-comptables – OEC

Zoustännegkeetsberäich

Den Ordre des experts-comptables huet follgend Aufgaben:

  • d’Rechter an d’Interesse vum Beruffsstand ze verdeedegen
  • Comptabelen, déi zeréckgetruede sinn, den Éiere‑Status zouerkennen
  • d’ Éierbarkeet an d’Onofhängegkeet vun de Comptabele ze verdeedegen, andeems besonnesch drop geuecht gëtt, datt d’beruffsrechtlech Bestëmmunge respektéiert ginn an datt d’Wirtschaftspréiwer déi berufflech Normen a Flichte respektéieren
  • d’Disziplin ënnert de Comptabele z’erhalen an d’Ausübung vun der Disziplinarmuecht duerch säin Disziplinarrot ze garantéieren
  • Sträitfäll tëscht Wirtschaftspréiwer ënnerenee souwéi tëscht Wirtschaftspréiwer an Drëtten ze prevenéieren oder ze schlichten
  • sécherzestellen, datt d’Wirtschaftspréiwer hir Verpflichtungen aus de gesetzleche Bestëmmungen zur Bekämpfung vu Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung erfëllen

Den OEC ass zoustänneg fir d’Beaarbechtung vun externe Meldungen, déi vu Whistleblower am Zesummenhang mat potenziellen oder tatsächleche Verstéiss géint déi berufflech Flichte vun zu Lëtzebuerg tätege Comptabelen erakommen, besonnesch wann dës Verstéiss d’Gesetzgebung zur Präventioun vu Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung betreffen. Si behandelt och all aner Meldungen, déi ënner d’Gesetz vum 16. Mee 2023 falen, dat d’Direktiv (EU) 2019/1937 vum Europäesche Parlament an dem Conseil vum 23. Oktober 2019 iwwer de Schutz vu Persounen ëmsetzt, déi Verstéiss géint d’Uniounsrecht mellen, am Aklang mat de Kompetenzen an de Befugnisser vum OEC.

Weider Informatioune fannt Dir op der Websäit vum OEC.

Institut vun de Wirtschaftspréiwer - IRE

Zoustännegkeetsberäich

D’IRE ass eng gesetzlech verankert Beruffsorganisatioun, déi d’Auditeuren an hirer entscheedender Roll am Wirtschafts‑ a Sozialsystem ënnerstëtzt. Si spillen d’Roll vu Finanzexperten, déi duerch hir Onofhängegkeet an Integritéit e wichtegt Bindeglidd fir wirtschaftlech Stabilitéit a Vertrauen tëscht allen Interessenträger duerstellen.

D’IRE behandelt extern Meldungen iwwer méiglech oder tatsächlech Verstéiss géint déi berufflech Flichte vun réviseurs d’entreprises, réviseurs d’entreprises agréés, cabinets de revision a cabinets de révision agréés, déi sech aus de gesetzlechen a reglementaresche Bestëmmungen zur Bekämpfung vu Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung erginn.

Weider Informatioune fannt Dir ob der Websäit vum IRE.

Steierverwaltung – ACD

Zoustännegkeetsberäich

D’ACD ass zoustänneg fir d’Bewäertung an d’Erhiewung vun den direkte Steieren, d’Bestëmmung vun der Bemiessungsgrondlag fir d’Grondsteier, d’Festsetzung an d’Erhiewung vu verschiddenen aneren Taxen a Steieren, d’Duerchféierung vun der Zwangsbeitreiwung wann néideg, d’Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung vu bestëmmten net‑steierleche gesetzlechen a verwaltungsrechtleche Bestëmmungen an d’Uwendung vun internationalen Ofkommes.

D’ACD behandelt extern Whistleblowing‑Meldungen, déi mat potenziellen oder tatsächleche Verstéiss géint de gesetzlechen a reglementaresche Kader fir direkt Steieren oder aner Matièren zesummenhänken, déi an d’sachlech Kompetenz vun der Steierverwaltung falen.

Weider Informatioune fannt Dir ob der Websäit vun der ACD.