Aktualiséiert den
Wéi mir är Ufro oder Meldung behandelen
De Büro vertraulech kontaktéieren
Jidder Persoun, déi Informatioune wëllt iwwer
- d’Prozeduren zur Erstellung vun enger Meldung; oder
- déi gëlteg gesetzlech Bestëmmunge fir de Schutz vu Whistlebloweren,
kann sech direkt op Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch un de Büro fir Whistleblower wenden, andeem se entweder de MyGuichet-Formulaire oder déi aner Kommunikatiounsmëttelen notzt. Dëse Kanal kann och genotzt ginn, fir de Büro iwwer méiglech Verstéiss géint Verflichtungen bezüglech Kanäl a Prozedure fir intern Meldungen a Kenntnis ze setzen. All Ufro fir Informatioune resp. All Meldung gëtt ënner strenger Beuechtung vun der Confidentialitéit am Zesummenhang mat der Identitéit vum Demandeur oder vum potenzielle Whistleblower traitéiert.
D’Meldungsplattform iwwer MyGuichet, déi den OSIG ageriicht huet, garantéiert d’Exhaustivitéit, d’Integritéit an d’ Confidentialitéit vun de weidergeleeten Informatiounen. Nëmmen autoriséiert Membere vum Personal vum OSIG hunn Zougang dozou a si ënnerstinn dem Secret professionnel.
Dir kënnt den OSIG op follgend Manéiere kontaktéieren:
- iwwer de MyGuichet-Formulaire (recommandéiert)
- iwwer Telefon: (+352) 247-88 505
- iwwer E-Mail: alerte[@]osig.lu
- iwwer Courrier oder op Rendez-vous
De Büro fir Whistleblower beméit sech, Informatiounsufroen an Ufroe vu Persounen, déi eng Meldung maache wëllen (am Follgende „potenziell Whistleblower“), no follgender Prozedur ze behandelen.
Empfangsbestätegung: Bannent 7 Deeg nom Ofschécke vun der Ufro kritt Dir eng schrëftlech Bestätegung, datt Är Meldung bei eis agaangen ass an och eng Referenznummer. Ausnamen zu dëser Empfangsbestätegung kënnen notamment gëllen, wann:
- d’Persoun refuséiert, eng Empfangsbestätegung ze kréien;
- d’Identitéit vun der Persoun duerch d’Verschécke vun der Empfangsbestätegung kéint un Drëttpersoune verrode ginn.
Préiwung vun der Zoustännegkeet: Am nächste Schrëtt kontrolléiere mir, ob mir an dëser Saach dierfen aktiv ginn an ob Är Meldung e méigleche Verstouss géint national oder EU-Recht betrëfft. Mir féieren d’Enquête net selwer duerch, mee kënne se un déi zoustänneg Autoritéit weiderleeden, déi d’Saach ënnersicht.
Weiderleedung oder Orientatioun: Wann mir Iech net kënne weiderhëllefen, erkläre mir Iech d’Grënn dofir a ginn Iech, wann méiglech, d’Kontaktdonnéeë vum Déngscht, deen Iech weiderhëllefe kann.
Feedback: An all Fäll kritt Dir bannent 3 Méint, oder an e puer begrënnte Situatioune bannent 6 Méint, eng Äntwert vum OSIG iwwer de Stand oder d’Resultat vun Ärer Ufro.
Vertraulechkeetsgarantien
1. Confidentialitéit vun der Identitéit vum Whistleblower
Den OSIG engagéiert sech dozou, d’Identitéit vum potenzielle Whistleblower an déi vun allen an der Saach involvéierten Drëtten ze schützen. All Meldung gëtt ënner strenger Confidentialitéit traitéiert. D’Identitéit vun der Persoun, déi e Verstouss mellt, däerf net ouni hir ausdrécklech Zoustëmmung verrode ginn. Eng Ausnam gëllt nëmme fir Mataarbechter vum Büro fir Whistleblower, déi fir d’Entgéinthuelen oder d’Weiderverfollege vun Ufroen a Meldungen zoustänneg sinn. Dës Vertraulechkeet gëllt och fir all aner Informatiounen, déi et erlabe kéinten, d’Identitéit vum potenzielle Whistleblower z’erkennen.
2. Ausnamen
D’Identitéit vum potenzielle Whistleblower an aner Informatioune däerfen nëmmen dann opgeluecht ginn, wann dat no dem geännerte Gesetz vum 8. Juni 2004 iwwer d’Fräiheet vun der Meenungsäusserung an de Medien oder no anere relevanten EU-Rechtsvirschrëften erfuerderlech a verhältnisméisseg ass. Dat kann zum Beispill néideg si, fir d’Rechter vum Whistleblower am Kader vun Enquêten oder Geriichtsprozeduren ze schützen, notamment fir seng Verdeedegungsrechter ze garantéieren.
Den OSIG informéiert d’Persoun schrëftlech doriwwer, datt hir Identitéit opgeluecht gouf, an erkläert d’Grënn dofir, ausser wann esou eng Informatioun d’Ermëttlungen oder Geriichtsprozedure géif a Gefor bréngen.
3. Geschäftsgeheimnisser
Wann den OSIG Informatiounen iwwer Verstéiss géint Geschäftsgeheimnisser kritt, däerf en dës Informatiounen nëmme fir déi Zwecker benotzen oder verroden, déi fir en adequaten Suivi absolut noutwendeg si.
Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën
All Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën, déi am Kader vun Interaktioune mam OSIG stattfënnt, geschitt am Aklang mat de gëltege Rechtsvirschrëften zum Schutz vun natierlechen Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën (RGPD).
Perséinlech Donnéeën, déi fir d’Beaarbechtung vun enger bestëmmter Meldung offensichtlech net relevant si, ginn net erhuewen. Sollten esou Donnéeën ongewollt erhuewe ginn, mussen se direkt geläscht ginn.