Aktualiséiert den
Aufgaben a Befugnisser vun den zoustännegen Autoritéiten
Aufgabe vun den zoustännegen Autoritéiten
Empfänke vun externe Melgung
Am Artikel 18, Paragraf 1, vum Gesetz vum 16. Mee 2023 gëtt erkläert, datt: “am Kader vun hire jeeweilege Missiounen a Befugnisser huelen déi zoustänneg Autoritéiten déi Meldungen entgéint, déi an de Beräich vun dësem Gesetz falen“.
Déi zoustänneg Autoritéite hu Meldungskanäl ageriicht, déi Persoune benotze kënnen, déi ee Verstouss melle wëllen, deen an d’Zoustännegkeet vun där Autoritéit fält. Zum Beispill kann een d’Autoritéit fir d’Konkurrenz kontaktéieren, fir Verstéiss géint d’Konkurrenzrecht ze signaléieren.
Déi zoustänneg Autoritéiten préiwen all Meldung grëndlech a ginn eng Äntwert bannent enger Frist vu maximal sechs Méint.
Si kënnen decidéieren, d’Prozedur ze clôturéieren, wann e gemellte Verstouss als eendeiteg klenge Verstouss ugesi gëtt, dee keng weider Moossnamen erfuerdert. An dësem Fall gëtt den Auteur vun der Meldung iwwer d’Decisioun an d’Grënn, déi se justifiéieren, informéiert.
Wann eng widderhuelte Meldung keng nenneswäert nei Informatioun par rapport zur ursprénglecher scho clôturéierter Meldung enthält, kann d’Prozedur och clôturéiert ginn. Wann nei juristesch Elementer oder Fakten optauchen, ass allerdéngs eng Weiderverfollegung vun der Meldung méiglech.
Bei enger grousser Zuel vu Meldungen traitéieren d’Autoritéite prioritär déi, wou et ëm grav Verstéiss oder weesentlech Bestëmmunge vum Gesetz geet, woubäi se allerdéngs déi virgesinnen Delaien anhalen.
Kontroll vun interne Meldekanäl
Am Artikel 6, Paragraf 7, vum Gesetz vum 16. Mee 2023 heescht et: „déi zoustänneg Autoritéiten iwwerpréiwen, bei de juristesche Persounen aus dem Privatsecteur, déi an hire jeeweilegen Zoustännegkeetsberäich falen, d’Ariichte vun interne Meldungskanäl.“
Zousätzlech gesäit den Artikel 18, Paragraf 2 vum Gesetz vir, dat déi zoustänneg Autoritéiten all Entitéit a Persoun no Informatioune froen iwwert d'anhaale vun den Verpflichtungen iwwert d'Ariichten vun interne Meldekanäl.
Déi zoustänneg Autoritéite kënnen also iwwerpréiwen, ob eng Entitéit aus dem Privatsecteur intern Meldungskanäl am Aklang mam Gesetz ageriicht huet.
Si kënnen dës Entitéite bei Net‑Konformitéit sanktiounéieren oder d’Resultater vun hirer Enquête un de Büro fir Whistleblower weiderleeden, deen och berechtegt ass, Sanktiounen auszeschwätzen.
Befugnisser vun den zoustännegen Autoritéiten
Déi zoustänneg Autoritéiten hunn d’Recht, vun Entreprisen aus dem Privatsecteur all déi Informatiounen ze verlaangen, déi si brauchen, fir ze préiwen, ob d’intern Meldungskanäl vum Betrib den Ufuerderunge vum Gesetz entspriechen.
Gëtt e Signalement iwwer e Betrib gemaach oder bestinn Zweiwel un der korrekter Ariichtung vun engem interne Meldungskanal, kënnen déi zoustänneg Autoritéite schrëftlech Informatioune vun där Organisatioun ufroen. Dobäi mussen si ëmmer d’Vertraulechkeet vun der Identitéit vum Whistleblower garantéieren.
An der Praxis bedeit dat, datt d’Entreprisë verflicht sinn, all déi Informatiounen ze liwweren, déi vun enger zoustänneger Autoritéit gefrot ginn, soubal esou eng Demande gestallt gëtt.
Die zoustänneg Autoritéiten hunn och d'Méiglechkeet festgestallte Verstéiss direkt oder indirekt duerch Verwaltungsstrofen ze sanktionnéieren.
Kooperatioun zwëschen den zoustännegen Autoritéiten a mat den europäeschen Autoritéiten
Wann eng zoustänneg Autoritéit eng Meldung kritt, déi net ënner hir Zoustännegkeet fält, leet se se op eng vertraulech a sécher Aart a Weis an an engem räsonabelen Delai un eng aner Autoritéit weider. Den Auteur vun der Meldung gëtt iwwer dës Weiderleedung direkt informéiert. Déi zoustänneg Autoritéite schaffen aktiv zesummen, fir hir Aufgaben am Aklang mam Gesetz ze erfëllen. Si tauschen déi néideg Informatiounen aus, fir en optimale Suivi vun de Meldunge sécherzestellen, a leede relevant Informatioune matzäit un déi zoustänneg Institutiounen oder Organisatioune vun der Europäescher Unioun wieder.