Attributiounen
De Büro fir Whistleblower oder („OSIG“ oder „Büro“) ass duerch d’Gesetz vum 16. Mee 2023 gegrënnt ginn. De Büro ënnersteet dem Minister, dee fir d’Justiz zoustänneg ass, an huet d’Aufgab, all Persounen, déi eng Meldung maache wëllen, z’informéieren, ze beroden an z’ënnerstëtzen, d’Ëffentlechkeet fir déi gëlteg Rechtsvirschrëften zum Schutz vu Whistleblower ze sensibiliséieren an dofir ze suergen, datt d’Gesetz vum 16. Mee 2023 agehale gëtt.
Weider Informatiounen zu den Aufgabe vum OSIG
D‘Gesetz vum 16. Mee 2023 fir d’Ëmsetzung vun der Direktiv (EU) 2019/1937 vum Europaparlament a vum Rot vum 23. Oktober 2019 fir de Schutz vu Persounen, déi Verstéiss géint d'Recht vun der Europäescher Unioun mellen, schafft e Cadre juridique fir de Schutz vu Whistleblower am Kader vun hire berufflechen Aktivitéiten, verflicht privatrechtlech esou ewéi ëffentlech juristesch Entitéiten dozou, Kanäl a Prozedure fir intern Meldungen anzeriichten, an benennt zousätzlech 23 zoustänneg Autoritéiten, déi fir den Empfang vun externe Meldungen an d'Iwwerwaachung vum Gesetz zoustänneg sinn.
De Büro vertraulech kontaktéieren
Jidder Persoun, déi Informatioune wëllt iwwer
- d’Prozeduren zur Erstellung vun enger Meldung; oder
- déi gëlteg gesetzlech Bestëmmunge fir de Schutz vu Whistlebloweren,
kann sech direkt op Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch un de Büro fir Whistleblower wenden, andeem se entweder de MyGuichet-Formulaire oder déi aner Kommunikatiounsmëttelen notzt. Dëse Kanal kann och genotzt ginn, fir de Büro iwwer méiglech Verstéiss géint Verflichtungen bezüglech Kanäl a Prozedure fir intern Meldungen a Kenntnis ze setzen. All Ufro fir Informatioune resp. All Meldung gëtt ënner strenger Beuechtung vun der Confidentialitéit am Zesummenhang mat der Identitéit vum Demandeur oder vum potenzielle Whistleblower traitéiert.
D’Meldungsplattform iwwer MyGuichet, déi den OSIG ageriicht huet, garantéiert d’Exhaustivitéit, d’Integritéit an d’ Confidentialitéit vun de weidergeleeten Informatiounen. Nëmmen autoriséiert Membere vum Personal vum OSIG hunn Zougang dozou a si ënnerstinn dem Secret professionnel.
Dir kënnt den OSIG op follgend Manéiere kontaktéieren:
- iwwer de MyGuichet-Formulaire (recommandéiert)
- iwwer Telefon: (+352) 247-88 505
- iwwer E-Mail: alerte[@]osig.lu
- iwwer Courrier oder op Rendez-vous
Office des signalements
- Adress:
- 13, rue Erasme - Centre administratif Pierre Werner L-1468 Lëtzebuerg Lëtzebuerg Postadress:L-1468
- Telefon:
- (+352) 247 88 505
- E-mail:
- info@osig.lu
- Weider op de Site vun:
- Office des signalements
Op 8.00 bis 12.00 , 13.30 bis 17.00
- Freideg:
- 8.00 bis 12.00 et 13.30 bis 17.00
- Samschdeg:
- Zou
- Sonndeg:
- Zou
- Méindeg:
- 8.00 bis 12.00 et 13.30 bis 17.00
- Dënschdeg:
- 8.00 bis 12.00 et 13.30 bis 17.00
- Mëttwoch:
- 8.00 bis 12.00 et 13.30 bis 17.00
- Donneschdeg:
- 8.00 bis 12.00 et 13.30 bis 17.00