Aktualiséiert den
Europäesch Zesummenaarbecht
Netzwierk vun den europäeschen Integritéit- a Whistleblowing-Autoritéiten (NEIWA)
Zënter dem 18. Abrëll 2024 ass de Büro fir Whistleblower Member vum Netzwierk vun den europäeschen Integritéit- a Whistleblowing-Autoritéiten (Network of European Integrity and Whistleblowing Authorities, NEIWA), dat am Mee 2019 zu Den Haag gegrënnt gouf. D’Memberen vum NEIWA sinn „zoustänneg Autoritéiten“ am Sënn vun der Europäescher Direktiv 2019/1937 vum 23. Oktober 2019 iwwer de Schutz vu Persounen, déi Verstéiss géint d’EU-Recht mellen (am Follgende „d’Direktiv). Dobäi handelt et sech ëm staatlech Autoritéiten, déi fir d’Berodung an de Schutz vu Whistleblower, d’Iwwerwaachung vun der Beaarbechtung vu Meldungen an, an e puer Fäll, fir d’Enquête vu Meldungen zoustänneg sinn. NEIWA huet zum Zil, Autoritéiten aus all de Memberstaaten vun der Europäescher Unioun an engem gemeinsamen Netzwierk ze vereenen.
NEIWA erméiglecht senge Memberen:
· den Austausch vu Fachwëssen, theoreteschen a prakteschen Erfarungen a strategeschen Erkenntnisser, fir de Schutz vu Whistleblower an/oder eng korrekt Beaarbechtung vu Meldungen ze garantéieren;
· d’Stäerkung vun der Zesummenaarbecht mat den Institutioune vun der Europäescher Unioun;
· Partner ze identifizéieren, mat deenen si d’Effikassitéit vun hire Prozeduren am Kader vun der dräijäreger Iwwerpréiwung vum Rechtskader, deen duerch d’Direktiv virgesi gëtt, evaluéiere kënnen;
· gemeinsam Instrumenter, Seminairen oder Positiounspabeieren z’entwéckelen.
Duerch den ofgestëmmten Asaz vu senge Membere wëll NEIWA en aktive Beitrag zu nationale wéi och europäeschen Debattn leeschten. D’Zil ass d’Schafung oder d’Stäerkung vun engem effikasse System fir de Schutz vu Whisteblower an d’Garantéiere vun enger korrekter Iwwerwaachung an/oder Beaarbechtung vu Meldungen iwwer Verstéiss, besonnesch duerch d’Promotioun vun de héchste Standarden, déi an der Richtlinn festgeluecht sinn, an all EU-Memberstaat.
Säit Dezember 2025 ass de Büro och am Verwaltungsroot vun NEIWA vertrueden.
Europäesch Unioun
Den OSIG hëlt un der Expertegrupp vun der Europäescher Kommissioun deel, déi duerch d’Direktiv iwwer de Schutz vu Persounen, déi Verstéiss géint d’EU-Recht mellen, an d’Liewe geruff gouf.