Aktualiséiert den
Gesetzlech Verpflichtungen
Ariichte vun engem interne Meldekanal
En internen Meldungskanal ass e Mëttel, dat dem Personal vun enger Entitéit a Persounen, déi an engem professionnelle Kontakt mat enger Entitéit steet, zur Verfügung gestallt gëtt, fir Verstéiss géint e Gesetz ze mellen. De Meldungskanal muss geséchert sinn, fir d’Confidentialitéit vun der Identitéit vum Auteur vun der Meldung a vun all erwäänte Persoun ze schützen a gläichzäiteg den Zougang op autoriséiert Persounen ze beschränken. Et muss een och d’Gesetzgebung iwwert d’Veraarbechtung vu persounebezunnen Donnéeën (RGPD) respektéieren.
Wie kann intern Meldungskanäl benotzen a wéini?
D’Kanäl an d’Prozedure fir intern Meldunge ginn de Beschäftegte vun enger Entitéit d’Méiglechkeet, Informatiounen iwwer Verstéiss matzedeelen. Déi genannte Kanäl a Prozedure kënnen och anere Persounen, déi am Kader vun hire berufflechen Aktivitéite mat der juristescher Entitéit a Kontakt sinn, d’Méiglechkeet ginn, Informatiounen iwwer Verstéiss weiderzeginn.
Persounen, déi eng Meldung vu Verstéiss am Sënn vum Gesetz wëlle maachen, ginn, wann et méiglech ass, e Verstouss intern wierksam ze behiewen a wann se dovun ausginn, dass keng Gefor vu Repressalie besteet, encouragéiert, d’Meldung virrangeg iwwer déi intern Kanäl ze maachen, ier se eng extern Meldung maachen.
Ween muss interne Meldekanäl ariichten?
Privatrechtlech juristesch Entitéite
All Betriber aus dem Privatsecteur déi 50 oder méi Beschäftegter (am Duerchschnëtt pro Joer) musse Kanäl a Prozedure fir interne Meldungen an de Suivi dovun ariichten.
Juristesch Entitéiten aus dem Privatsecteur mat manner wéi fofzeg Beschäftegte sinn net verflicht, Kanäl fir intern Meldungen anzeriichten, et steet hinnen awer fräi, déi genannte Kanäl a Prozeduren am Aklang mam Artikel 7 vum Gesetz vum 16. Mee 2023 anzeriichten.
A bestëmmte Fäll kënne sektoriell Bestëmmunge gëllen (wéi zum Beispill spezifesch Verflichtunge vum Finanzsecteur oder sekteurspezifesch Verflichtungen zur Verhënnerung a Bekämpfung vu Geldwäsche a Terrorismusfinanzéierung). Dës Betriber kënne trotzdeem op fräiwëlleger Basis an am Aklang Artikel 7 vum Gesetz vum 16. Mai 2023 intern Meldekanäl ariichte.
Juristesch Entitéiten aus dem ëffentleche Secteur
All Entitéiten aus dem ëffentleche Secteur mat méi wéi 50 Beamten oder Beschäftegte musse Kanäl a Prozedure fir intern Meldungen an de Suivi dovun ariichten.
De Staat
De Staat stellt eng eenzeg juristesch Entitéit duer a setzt sech aus senge Ministère an Administratiounen zesumme. Déi intern Meldekanäl ginn op Niveau vun all Ministère opgebaut a, wann néideg, och bannent bestëmmten Administratioune.
No der Lettre circulaire vum 23. Mai 2024 vum Minister vun der Fonction publique gëllt Follgendes: „Konform mat der Decisioun vum Regierungsrot vum 15. Abrëll 2024 si Ministèren opgefuerdert, intern Meldungskanäl anzeféieren an een oder méi Deleguéen aux signalements ze designéieren, déi fir de Ministère an déi dovun ofhängeg Administratiounen zoustänneg sinn“ (ons Iwwersetzung). D’Regierung huet decidéiert, datt déi intern Meldungskanäl op Basis vun de Richtlinnen, déi am Annex vun der genannter Lettre circulaire enthale sinn, anzeféieren sinn.
Gemenge mat méi wéi 10 000 Awunner
All Gemenge mat méi wéi 10.000 Awunner muss en interne Meldekanal ariichten. Dozou gehéieren déi follgend Gemenge:
- Beetebuerg
- Déifferdeng
- Diddeleng
- Esch-Uelzecht
- Ettelbréck
- Hesper
- Käerjeng
- Käl
- D’Stad Lëtzebuerg
- Mamer
- Miersch
- Péiteng
- Suessem
- Schëffleng
- Stroossen
Gemenge mat manner wéi zéngdausend Awunner sinn net verflicht, Kanäl fir intern Meldungen anzeriichten, et steet hinnen awer fräi, déi genannte Kanäl a Prozeduren am Aklang mam Artikel 7 anzeriichten.
Ëffentlech-rechtlech Anstalten (établissements publics) an aner Entitéite mat enger vum Staat an de Gemenge verschiddener Rechtsperséinlechkeet
Ëffentlech-rechtlech Anstalten (établissements publics) an aner Entitéite mat enger vum Staat an de Gemenge verschiddener Rechtsperséinlechkeet mat méi wéi 50 Beschäftegte mussen interne Meldekanäl ariichten.
Juristesch Entitéiten aus dem ëffentleche Secteur mat manner wéi fofzeg Beschäftegte sinn net verflicht, Kanäl fir intern Meldungen anzeriichten, et steet hinnen awer fräi, déi genannte Kanäl a Prozeduren am Aklang mam Artikel 7 anzeriichten.
Am Gemengesecteur si Gemengesyndikater, Sozialämter an Zivilhospizer betraff, wann dës Entitéite méi wéi 50 Aarbechter hu.
D'Gestioun vun de Kanäl fir intern Meldungen
Ernënnung vun enger Persoun oder engem kompetenten onparteiesche Service fir d’Gestioun vum interne Meldekanal
D’Prozedure fir intern Meldungen an de Suivi beinhalten d’Designatioun vun enger Persoun oder engem kompetenten onparteiesche Service, fir de Suivi vun de Meldunge sécherzestellen.
Dës Persoun resp. dëse Service erhält d’Kommunikatioun mam Auteur vun der Meldung oprecht a freet hien, wann néideg, fir ergänzend Informatiounen ze kréien, a gëtt him eng Réckmeldung.
D’Sécherungsmoossnamen an d’Ufuerderungen aus dem Artikel 7 Paragraf 1 vum Gesetz vum 16. Mee 2023 gëllen och fir Drëtter, déi beoptraagt gi sinn, de Meldungskanal fir eng juristesch Entitéit aus dem Privatsecteur ze geréieren; dëst betrëfft notamment
- d’Ariichtung vu gesécherte Kanäl, déi d’Confidentialitéit vun de Meldunge garantéieren,
- d’Empfangsbestätegung innerhalb vu 7 Deeg,
- d’Designatioun vun engem onparteiesche Service fir de Suivi,
- eng Réckmeldung innerhalb vun 3 Méint an
- d’Bereetstelle vun Informatiounen iwwer d’Meldungsprozeduren un déi zoustänneg Autoritéiten.
Outsourcing vun der Gestioun vum interne Meldekanal un Drëtter
Intern Meldekanäl kënne vun Drëtten extern geréiert gi. An deem Fall muss d’Confidentialitéit vun der Identitéit vum Whistleblower, de Contenu vun enger Alerte an de Suivi dovu streng garantéiert sinn.
Gestioun vun anonymme Meldungen
De Suivi vun anonymmen Alerte ass nëmmen obligatoresch wann den Auteur vun der Meldung identifizéiert oder ze identifizéieren ass. De Suivi ass dofir och obligatoresch wann d’Auteure beim Benotze vun engem Pseudonym ze identifizéiere sinn.
De Büro fir Whistleblower recommandéiert dass fir all Meldungen, inklusiv „anonym“ Alerte, en ëmfaassende Suivi gemaach gëtt.
Aktualiséierung vum Veraarbechtungsregister an vum Informatiounsschreiwen iwwer d’Veraarbechtung vu persounebezunnen
D’Gestioun vun den interne Meldungskanäl an de Suivi vun Alerte implizéieren en neien Datesveraarbechtungsprozess. Aus dësem Grond ass eng Aktualiséierung vum Register vun de Veraarbechtungen an vum Informatiounshinweis iwwert d’Veraarbechtung vu persounebezunnen Donnéeën erfuerderlech.
Sektoriell Bestëmmungen
Déi follgend net exhaustiv Lëscht enthält Informatiounen iwwer sektoriell Bestëmmung zu Meldekanäl.
Bekämpfung vu Geldwäsch a Terrorismusfinanzéierung
Article 8-3 de la loi du 12 novembre 2004 relative à la lutte contre le blanchiment et contre le financement du terrorisme, introduit par la loi du par la loi du 25 mars 2020, telle que modifiée.
Finanzsecteur
- Article 58-1 de la loi du 5 avril 1993 relative au secteur financier, telle que modifiée ;
- Article 8-3 de la loi du 12 novembre 2004 relative à la lutte contre le blanchiment et contre le financement du terrorisme, introduit par la loi du par la loi du 25 mars 2020, telle que modifiée ;
- Article 58-10 de la loi 10 novembre 2009 relative aux services de paiement, telle que modifiée, permettant à la CSSF de mettre en place des mécanismes efficaces pour encourager le signalement à la CSSF des violations du règlement (UE) 2015/847 ;
- Article 149ter de la loi du 17 décembre 2010 concernant les organismes de placement collectif, telle que modifiée ;
- Article 23 du règlement (UE) n° 1024/2013 (règlement MSU) du Conseil du 15 octobre 2013 ;
- Titre 3 (articles 36 à 38) du règlement (UE) n° 468/2014 de la BCE du 16 avril 2014 (règlement-cadre MSU) ;
- Article 36, paragraphe 7, de la loi du 23 juillet 2016 relative à la profession de l’audit, telle que modifiée ;
- Article 8 et Annexe de la loi du 23 décembre 2016 relative aux abus de marché, telle que modifiée ;
- Article 46 de la loi du 30 mai 2018 relative aux marchés d’instruments financiers telle que modifiée ;
- Article 271-1 et suivants du Code du travail, introduits par la loi du 13 février 2011 renforçant les moyens de lutte contre la corruption, tel que modifiée ;
- Article 4 de la loi du 6 juin 2018 relative aux dépositaires centraux de titres et portant mise en œuvre du règlement (UE) n° 909/2014 ;
- Article 10 de la loi du 16 juillet 2019 relative aux prospectus pour valeurs mobilières.
Assurancësecteur
Article 4, lettre o) de la loi modifiée du 7 décembre 2015 sur le secteur des assurances.