Wéi reecht een eng Meldung an?

Wann Dir e Verstouss am Kader vun Ärer Aarbecht feststellt, kënnt Dir en als Whistleblower op dräi verschidde Manéiere mellen:

  • iwwer den interne Kanal vun ärem Arbechtsgeber,
  • iwwer en externe Kanal oder,
  • a bestëmmten Ausnamefäll, duerch eng ëffentlech Bekanntmaachung vun de Faiten.

Am Zweiwelsfall hutt Dir ëmmer d’Méiglechkeet, am Virfeld de Büro fir Whistleblower ze kontaktéieren, deen Iech bei Ären Demarchen hëllefe kann, andeem en Iech virun allem Prezisiounen zu de Prozedure gëtt, déi anzehale sinn.

De Büro vertraulech kontaktéieren

Jidder Persoun, déi Informatioune wëllt iwwer

  • d’Prozeduren zur Erstellung vun enger Meldung; oder
  • déi gëlteg gesetzlech Bestëmmunge fir de Schutz vu Whistlebloweren,

kann sech direkt op Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch un de Büro fir Whistleblower wenden, andeem se entweder de MyGuichet-Formulaire oder déi aner Kommunikatiounsmëttelen notzt. Dëse Kanal kann och genotzt ginn, fir de Büro iwwer méiglech Verstéiss géint Verflichtungen bezüglech Kanäl a Prozedure fir intern Meldungen a Kenntnis ze setzen. All Ufro fir Informatioune resp. All Meldung gëtt ënner strenger Beuechtung vun der Confidentialitéit am Zesummenhang mat der Identitéit vum Demandeur oder vum potenzielle Whistleblower traitéiert.

D’Meldungsplattform iwwer MyGuichet, déi den OSIG ageriicht huet, garantéiert d’Exhaustivitéit, d’Integritéit an d’ Confidentialitéit vun de weidergeleeten Informatiounen. Nëmmen autoriséiert Membere vum Personal vum OSIG hunn Zougang dozou a si ënnerstinn dem Secret professionnel.

Dir kënnt den OSIG op follgend Manéiere kontaktéieren:

Kanäl fir intern Meldungen

Dir kënnt e Verstouss iwwer den interne Meldekanal vun Ärer Organisatioun mellen. W.e.g. bedenkt, datt net all Betrib verflicht ass, en interne Meldekanal opzestellen, sou datt dës Optioun fir Iech vläicht net verfügbar ass.

Eng intern Meldung ka mëndlech oder schrëftlech gemaach ginn, entweder per Telefon, E-Mail oder iwwer eng Online-Plattform. Et gëtt recommandéiert, datt Dir iwwerpréift, wat fir eng Aart interne Kanal Äre Patron ageriicht huet, an d'Rotschléi vun Ärer Firma ze befollegen, wéi een eng Alerte soll maachen.

Wann Är Organisatioun keen interne Meldekanal huet, oder wann Dir léiwer en anere Kanal benotze wëllt, zum Beispill wéinst Angscht viru Repressalien, hutt Dir d'Optioun, eng Alerte iwwer en externe Kanal ze maachen oder, an aussergewéinleche Fäll, eng op eng ëffentlech Bekanntmaachung zréck ze gräifen.

Kanäl fir extern Meldungen

Dir kënnt e Verstouss iwwer en externe Kanal, d.h. un eng vun den 23 zoustännegen Autoritéite mellen, déi am Artikel 18 vum Gesetz vum 16. Mee 2023 opgezielt ginn. Wéi eng Autoritéit zoustänneg ass, hänkt vum Secteur of, an deem Dir schafft, a vun der Natur vun de gemellte Faiten.

Dir kënnt an dësem Zesummenhang d’Lëscht mat den zoustännegen Autoritéite consultéieren oder de Büro fir Whistleblower kontaktéieren, wann Dir Zweiwelen hutt, wéi eng zoustänneg Autoritéit am beschte gëeegent ass

A follgende Fäll gëtt staark recommandéiert, en externe Kanal fir Meldungen ze notzen:

·         Et gëtt an Ärer Organisatioun keen interne Kanal oder e funktionéiert net richteg;

·         Dir hutt schonn eng intern Meldung gemaach, mee et ass doropshi keen adequate Suivi erfollegt;

·         Dir hutt Grënn, unzehuelen, dass Dir Affer vu Repressalie wäert ginn oder dass eng extern Autoritéit besser gëeegent ass, fir wierksam Moossnamen ze huelen.

Dir hutt d’Recht, eng anonym Meldung iwwer en externe Kanal ze maachen

Ëffentlech Bekanntmaachung

A bestëmmten Ausnamefäll kënnt Dir e Verstouss, vun deem Dir am Kader vun Ärer berufflecher Aktivitéit Kenntnis krut, ëffentlech opdecken, andeem Dir en zum Beispill der Press, iwwer sozial Netzwierker oder iwwer en Internetsite matdeelt.

Eng Persoun, déi eng ëffentlech Bekanntmaachung mécht, kënnt an de Genoss vum gesetzleche Schutz, wann eng vun de follgende Bedéngungen erfëllt ass:

  • Déi betreffend Persoun huet fir d’éischt eng intern an extern Meldung oder direkt eng extern Meldung gemaach, ouni dass innerhalb vum virgesinnen Delai eng entspriechend Moossnam als Äntwert op d’Meldung geholl ginn ass.
  • Déi betreffend Persoun huet räsonabel Grënn, fir unzehuelen, dass de Verstouss eng imminent oder manifest Gefor fir den ëffentlechen Interêt duerstelle kann, zum Beispill wann eng Noutsituatioun oder d’Gefor vun engem irreversibele Schued besteet;
  • De Whistleblower huet räsonnable Grënn, fir unzehulen, dass am Fall vun enger externer Meldung, opgrond vun de besonneschen Ëmstänn vun der Affär, e Risk vu Repressalie besteet oder et wéineg Chancë ginn, dass de Verstouss tatsächlech behuewe gëtt. Dëst kann zum Beispill de Fall sinn, wa Beweiser riskéieren, ënnerschloen oder vernicht ze ginn, oder wann déi zoustänneg Autoritéit sech mam Auteur vum Verstouss ofgestëmmt huet oder an de Verstouss verwéckelt ass.

Wann Dir eng ëffentlech Bekanntmaachung virhuelt, ouni dass déi vun der Legislatioun virgesinne Bedéngungen erfëllt sinn, riskéiert Dir, net an de Genoss vum Schutz als Whistleblower am Sënn vum Gesetz vum 16. Mee 2023 ze kommen.

Gesetzlëch Verpflichtung Strofdoten ze mellen

Ausser an de vum Gesetz virgesinnen Ausnamefäll, ass jidder Persoun, wann se Kenntnis vun engem Verbriechen huet, dat nach ka verhënnert ginn oder deem seng Auswierkungen nach kënne limitéiert ginn, oder wann den Täter weider Verbriechen, déi kënne verhënnert ginn, begoe kéint, verflicht, d’Justiz- a Verwaltungsautoritéiten doriwwer ze informéieren (c.f.: Artikel 140 vum Code pénal).

Jidder Persoun, déi eng ëffentlech Funktioun oder eng ëffentlech-rechtlech Missioun ausüübt, onofhängeg dovun, ob se ëffentlech-rechtlech oder privatrechtlech ugestallt ass, muss, wann se Kenntnis vu Faiten huet, bei deenen et sech ëm e Verbriechen oder en Délit handele kann, direkt de Procureur d’État informéieren. Si muss him och all relevant Dokumenter an Informatioune ginn, souguer wann si dem Secret professionnel oder anere Confidentialitéitsreegelen ënnersteet.(c.f.: Artikel 23 Absatz 2 vun der Strofprozessuerdnung).

Zousätzlech zu dësen Obligatiounen huet jidder Persoun d’Recht, eng Plainte ze maachen oder strofrechtlech relevant Faiten de Justiz- oder Policeautoritéiten ze mellen.