Aktualiséiert den
Missiounen vum Büro fir Whistleblower
De Büro fir Whistleblower (Office des signalements − OSIG) ass duerch d’Gesetz vum 16. Mee 2023 gegrënnt ginn. Säit September 2023 bitt de Büro fir Whistleblower Informatiounen, Orientéierung an Ënnerstëtzung fir all Persoun, déi eng Meldung maache wëll, a gëtt notamment Prezisiounen iwwer d’Prozeduren. Den OSIG waacht ausserdeem zesumme mat den zoustännegen Autoritéiten, déi am Gesetz genannt ginn, iwwer d’Anhale vun der Legislatioun iwwer de Schutz vun de Whistleblower.
De Büro ënnersteet dem Minister, dee fir d’Justiz zoustänneg ass, an huet notamment follgend Missiounen:
- Ënnerstëtzung an Informatioun: De Büro huet d’Aufgab, all Persoun, déi eng Meldung maache wëll, ze informéieren an ze ënnerstëtzen an notamment Prezisiounen iwwer d’Prozeduren ze ginn.
- Sensibiliséierung: De Büro sensibiliséiert d’Ëffentlechkeet fir d’Legislatioun iwwer de Schutz vun de Whistleblower.
- Verstéiss: Wann de Büro Kenntnis vu Verstéiss géint d’Bestëmmunge vum Gesetz vum 16. Mee 2023 huet oder Informatiounen iwwer eventuell Verstéiss am Zesummenhang mat der Ariichtung vun interne Kanäl fir Meldunge kritt, informéiert en déi zoustänneg Autoritéiten.
- Joresrapport: De Büro sammelt an Zesummenaarbecht mat den zoustännegen Autoritéiten an de Justizorganer déi néideg Informatiounen, fir de Joresrapport ze erstellen.
- Recommandatiounen: De Büro schafft Recommandatioune fir sämtlech Froen am Zesummenhang mat der Uwendung vum Gesetz aus an ënnerbreet se den zoustännegen Autoritéiten.
- Anhale vum Gesetz: Ouni déi jeeweilege Kompetenze vun den zoustännegen Autoritéiten unzetaaschten iwwerwaacht de Büro d’Anhale vum Gesetz vum 16. Mee 2023. Zu dësem Zweck sammelt den OSIG all relevant Informatiounen iwwer d’Ëmsetzung vun de gesetzleche Bestëmmungen.
- Prozeduren am Zesummenhang mat Verstéiss: De Büro erfëllt d’Aufgaben, déi en am Kader vun der Prozedur fir extern Meldungen huet, a kann opgrond vun Dossieren, déi vu verschiddenen zoustännegen Autoritéite weidergeleet goufen, eng Geldbouss verhänken.