De Whistleblower ka Verstéiss géint d'national oder d'EU-Gesetzgebung mellen.
Eng Meldung kann Informatiounen iwwer Handlungen oder Ënnerloossunge betreffen, déi gesetzeswiddreg sinn oder dem Zweck oder Zil vun direkt uwennbare Bestëmmunge vum nationalen oder europäesche Recht widderspriechen.
Eng Alerte kann tatsächlech oder potenziell Verstéiss betreffen, onofhängeg dovun, ob se schonn agetruede sinn oder mat héijer Warscheinlechkeet wäerten antrieden. Sou Verstéiss mussen an engem professionelle Kontext geschéien, d.h. an der Organisatioun, wou de Whistleblower schafft oder geschafft huet, oder an enger anerer Organisatioun, mat där de Whistleblower am Kader vu senger Aarbecht oder sengem Rekrutéierungsprozess a Kontakt ass oder war.
D’Meldung kann sech och op Versich bezéien, esou Verstéiss ze verstoppen oder ze verdecken.
Verstéiss kënnen d'intern Reegele vum Betrib, diskriminéierend Praktiken oder aner gesetzeswiddreg Verhale betreffen, déi géint gëlteg Gesetzer verstoussen (z. B. Aarbechtsrecht, Gesondheets- a Sécherheetsnormen, Steieren, asw.).
Einfach technesch oder funktionell Stéierungen an enger privater oder ëffentlecher Struktur (inklusiv Ministèren, Administratiounen, Gemengen, asw.) stelle kee Grond fir eng Alerte duer.