Aktualiséiert den
Wie kann eng Meldung areechen?
Beruffleche Kontext
D’Gesetz gëllt fir Auteure vu Meldungen, déi am Privat- oder ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg schaffen an an engem beruffleche Kontext (aktuellt, fréiert oder zukünftegt Aarbechtsverhältnis) Informatiounen iwwer Verstéiss kruten. Heizou gehéieren zum Beispill:
- Salariéen (aus dem privaten an dem ëffentleche Secteur);
- Selbstänneg Beschäftegter
- Aktionären a Membere vum Verwaltungsorgan;
- Benevoller a remuneréiert oder net remuneréiert Stagiairen;
- Persounen, déi ënner der Opsiicht a Leedung vu Vertragspartner, Sous-traitanten a Fournisseure schaffen
- Stellenbewerberinnen a Stellenbewerber.
Net beruffleche Kontext
D’Gesetz vum 16. Mee 2023 gëllt net fir Alerten iwwer Informatiounen, déi een ausserhalb vum Kader vun engem Aarbechtsverhältnis krut. Wann dir e Verstouss ausserhalb vun engem beruffleche Kontext mierkt an dësen wëllt mellen, kënnt dir net vum Schutz deen d’Gesetz vum 16. Mee fir Whistleblower virgesäit profitéieren.
Am Prinzip kënne Bierger, déi als Privatpersounen handelen, hiert Recht op fräi Meenung-Äusserung ouni Zwäng duerch berufflech Confidentialitéit-Verflichtungen ausüben. Jee no Situatioun kënne Bierger och déi vum Gesetz virgesinnen Dispositiffen notzen, fir bei den ëffentlechen oder Justiz-Autoritéiten eng Reklamatioun anzereechen oder eng Plainte oder eng Denunziatioun ze maachen. A verschiddene Fäll kann d’Rechtsspriechung vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zum Thema Whistleblowing ugewannt ginn.
Wann Dir net sécher sidd, ob de Verstouss deen dir bemierkt hutt an e professionelle Kontext fält, kënnt dir Iech beim OSIG melle fir wieder Informatiounen ze erhalen.